Meynadier verletzt, Match vum Mossong wéinst Coronavirus annuléiert

Eis 2 Nationalspillerinnen am Ausland waren allebéid de Weekend net am Asaz, dat aus ënnerschiddleche Grënn.

D’Magaly Meynadier huet sech lescht Woch un der Wued blesséiert an d’ganz Woch net trainéiert, deemno och de Match um Weekend (Angels hunn géint Herner 65:67 verluer) verpasst. D’Lëtzbuergerin hofft drop, des Woch erëm trainéieren ze kennen.

D’Nadia Mossong huet wéinst dem “Coronavirus“ net gespillt, an Italien goufen verschidden Sportsevenementer ofgesot, well Regiounen wéinst dem Virus isoléiert goufen.

Fotoen: FIBA

Par FLBB , le 23/02/2020 à 22:33
Les cookies visent à rendre votre navigation plus efficace et à optimaliser le fonctionnement de nos services. En utilisant ce site, vous consentez à l'utilisation de ces cookies selon notre politique de traitement des données personnelles.