Iwwerbléck vun de sanitäre Recommandatiounen fir de Basket

D’Saison 20/21 steet kuerz virun der Diir. Natirlech steet och de Basket wéinst dem Covid-19-Virus virun groussen Erausfuerderungen. Wéi mir beschtméiglech mam Virus an de Sportshaalen emginn, steet nach emol resuméiert an engem Dokument. Op fir d’ZuschauerInnen, SpillerInnen, Offizieller oder Arbitteren, jiddereen muss sech un d’Mesuren vun der Santé halen, fir dass de Sport kann stattfannen an fir de Risikio vun Infektiounen op e Minimum ze beschränken.

An den Dokumenter ass och erkläert, wat geschitt, wann eng Spillerin oder e Spiller positiv op de Virus getest gëtt.

Um Site vun der FLBB ass eng eegen Rubrik « COVID-19 » agebaut ginn, wou een all Informatiounen fënnt –> RUBRIK_COVID_19

Par FLBB , le 09/09/2020 à 20:04
Les cookies visent à rendre votre navigation plus efficace et à optimaliser le fonctionnement de nos services. En utilisant ce site, vous consentez à l'utilisation de ces cookies selon notre politique de traitement des données personnelles.