De Clancy Rugg ass den leading Scorer an den zweeten leading Rebounder vun der FIBA Pre-Qualifikatiouns Campagne mat enger Moyenne vun 25.5 Punkten an 14 Rebounds de Match. Als professionellen Spiller ass hien een Leader um an nieft dem Terrain. Hien probéiert awer och lëtzebuergesch ze léieren an ass houfereg d’Land als Nationalspiller kënnen ze vertrieden.
Wéini bass du op Lëtzebuerg komm? A wat waren deng éischt Impressiounen?
Ech sinn 2014 hei ukomm, direkt vum College vir vir d’Musel Pikes ze spillen. Et war am Ufank net einfach sech hei anzeliewen, obwuel ech mëttlerweil ka soen, dass Lëtzebuerg mäin doheem ass!
Wat gefält dir u Lëtzebuerg?
Ech kommen aus engem kléngen Duerf an Amerika. Dat heescht ech war drun gewinnt an méi klengen Dierfer/Stied ze wunnen an dat gefält mir och ganz gutt. D’Leit sinn ëmmer do wann een Hëllef brauch, et ass eng familiär Atmosphär, déi ech immens appreciéieren. En groussen Plus ass natierlech den Gesondheetssystem hei zu Lëtzebuerg. Meng Famill ass mat mir hei, esou dass ech ka soen, dass Lëtzebuerg wierklech een super Land ass vir ze liewen an eng Famill ze hunn.
Wat heescht et vir dech vir d’Nationalequippe dierfen ze spillen?
Et ass einfach mega, ech fillen mech gutt an ech sinn immens houfereg dat Land, wat ech mäin doheem duerf nennen duerf representéieren. Vum Spillereschen hier ass et eng immens Erausfuerderung an et flott op engem méi héijen Niveau kënnen ze spillen wéi an der Total League. D’Schnellegkeet ass anescht an ech moossen mech gären mat besseren Spiller.
Wéi géifs du deng Roll an der Equippe beschreiwen?
Ech sinn deen eelsten aus der Equippe (laacht). Natierlech sinn ech een vun den Haapt Spiller an ech probéieren och een Leader um Terrain ze sinn an jiddereen ze puschen. Als professionnellen Spiller probéieren ech awer och aggressiv ze sinn, offensiv an defensiv.
Wéi ass der Equippe hiert Gefill an d' »Bubble » ze goen?
Am Groussen Ganzen weess amfong keen wat wierklech op eis duer kennt. Mir hunn net vill Informatiounen iwwer d’Géigner, dat heescht, mir mussen eis einfach op eis selwer konzentréieren. Mir hunn an der leschter Fënster gutt gespillt, hunn awer och leider kee Match gewonnen. Als kompetitiv Equippe wëllen mir awer probéieren déi zwee Matcher ze gewannen an eis kënnen ze qualifizéieren.
Du léiers och lëtzebuergesch – Wéi géifs de deng Fortschrëtter beschreiwen?
Ech hunn vill missten léieren vir den Pass kënnen ze kréien. Ech schwätzen gären mat den Leit an hirer Mammesprooch, wat mech motivéiert ëmmer méi Wieder ze léieren. Leider ass lëtzebuergesch awer eng immens schwéier Sprooch, mee ech maachen Fortschrëtter wat d’Schwätzen an d’Schreiwen ugeet.
—
Clancy Rugg is the leading scorer and second-leading rebounder of the FIBA pre-qualifiers competition with an average of 25.5 points and 14 rebounds per game. As a professional player, he is one of the team leaders on and of the court. In addition, he is currently trying to learn Luxembourgish and is proud to represent our country as a national team player.
When did you arrive in Luxembourg and what were your first impressions?
I arrived here in 2014, straight from College to play for Musel Pikes. While it was difficult to adjust at the beginning, Luxembourg has now become my home !
What do you like about Luxembourg?
I come from a small town in the United States so I was used to living in a smaller place and I actually like it a lot. The basketball community is a very small one. The people are super kind and always like to help out. It is a familiar atmosphere which I really appreciate. Plus, the social system in Luxembourg is great. Fortunately, I have my family here so I can say that Luxembourg is a perfect country to live and have a family.
What does it mean to you that you play for the national team?
It is simply great, I feel great and I am proud to represent the country that I call home. On a basketball standpoint, it is an enormous challenge and very interesting to play on a higher level compared to the Total League. The speed is different and I enjoy competing against better players.
How would you describe your role in the team?
I am the oldest guy in the team (laughs). Obviously, I am one of the main players and I try to be a leader on the court and push everybody forward. As a professional player, I try to be aggressive on offense and defense.
What is the team’s mindset going into the « bubble »?
In general, nobody knows what to expect. We have very few information about our opponents so that we have to focus on ourselves. We played well in the last window but could not come up with a victory although we had chances to win both games. As a competitive team, we will try to win both games to keep our chances alive to qualify.
You are learning Luxembourgish at the moment. How do you consider your progress?
I had to learn a lot of Luxembourgish to get my passport. I like to talk to people in their mother tongue which motivates me to learn more and more words. Unfortunately, Luxembourgish is a very difficult language, but I am making progress at understanding and talking.