Gutenkauf: „Mir hunn déi 2 perfekt Profien fonnt“

D’Etzella Ettelbréck hat bis elo eng Saison mat Héichten an Déiften. Am Ufank ass et guernet gelaf beim Doublé-Gewënner, et war een net zefridden mat de Profispiller, déi goufen dunn gewiesselt, säit deem leeft et besser. D’Ekipp steet an der Coupe-Finall an huet sech schonn den Heemvirdeel fir 1/4-Finall geséchert.

„Mir haten e relativ schwéiere Start an d’Saison. Et war Verletzungspech dobäi an mir haten net dei richteg Amerikaner, wouduerch mer no der pre-season nach net bei 100% waren“, seet de Nationalspiller Philippe Gutenkauf, deen elo hofft, dass d’Etzella den Hiewel definitiv emgeluecht huet.

„Elo hunn mer awer déi 2 perfekt Profien fonnt. Den “Griff“ (Griffin Kinney) raumt ënner dem Kuerf alles ewech an den “Ronny“ (Ronnie Harrell) ass en Allrounder. Bei dem Duo gesäit een och Ähnlechkeeten zum Duo McNutt – Coleman. Mat hinnen 2 an der Ekipp hu mir erëm Confiance, déi eis kloer gefeelt huet wärend der Saison. Lues an lues sinn mer erëm um gudde Wee fir nach en Titel ze gewannen des Saison.“

An der aktueller Form ass mat der Etzella ze rechnen, och en Doublé ass net ausgeschloss. Dat néi Profiduo zielt och sécherlech zu deene beschten Duoen, déi an de leschten Joren hei zu Lëtzebuerg aktiv waren.

Mat iwwer 30 Punkten de Match iwwerzeegt den Harrell, deen als polyvalente Spiller un villen aktiounen bedeelegt ass. De Kinney ass ënner dem Kuerf kaum ze verdeedegen, an raumt iwwer 14 Rebounds de Match of, woubäi hien sech nach un de Spillstil gewinne muss, Problemer mat de Feeler hat hien an deene puer Matcher zu Lëtzbuer schonn méi oft.

Foto: Robert Straus

Par FLBB , le 05/03/2020 à 14:10