Lëtzebuerg huet den Optaktmatch vun der Pre-Qualifikatioun fir d’Weltmeeschterschaft um Donneschden-Owend knapp verluer, dat mat 65:73 an der Slowakei (Spillbericht –> Spillbericht_Statistiken )
De Nationaltrainer Ken Diederich analyséiert de Match esou: „Defensiv hu mer eng ganz staark Leeschtung gebueden. Mir hunn de Rebound gewonn an nëmmen 1 offensive Rebound vun hinnen zougelooss, generell stounge mer och an der Defense exzellent.
Mir waren am Ufank vum Match fortgezunn, mee jiddereen wees dass dat am Basket net esou vill bedeit, an trotzdeem hu mer et verpasst e Virsprong erauszespillen deen mer mat an d’Paus hätte kennen huelen. Si hunn eis am 2. Véirel wierklech staark verteidegt an mir hunn net genuch Schëss getraff. Insgesamt hu mer ze vill Punkten un der Freiworflinn léie gelooss (13/21) an schwaach vun der 3-er-Linn getraff (4/23), dat ass net gutt genuch. Si waren zum Schluss och physesch méi staark wei mir, an trotzdeem war ech frou dass mer de Match zum Schluss nach bal gedréint kruten! Mir hunn eng super Leeschtung gebueden, mee si ass net belount ginn well eis Trefferquot net héich genuch war.“
Wien de Match gesinn huet, deen wees, dass net vill gefeelt huet fir dass eis Hären mat enger Victoire hätte kennen heem kommen. An der Coque ass sécherlech géint dee Géigner eppes méiglech. Stäerkste Spiller beim Géigner war den 2.06 m grousse Brodziansky, deen an Spuenien “starting 5“ an der éischter Liga spillt.
Foto: Maya a Robert Straus