Dammen an d’Nationale 2 sinn de Weekend am Asaz

E Sonnden spillt eis Hären-Nationalekipp an der Coque géint de Kosovo (18:00 Auer). Dat ass awer net den eenzege Match fir dëse Weekend. Bei den Dammen ass e komplette Spilldag an der Total League (Titelgrupp an Ofstigsgrupp) an och an der Nationale 2 gëtt bei den Dammen an bei den Hären gespillt. Logescherweis spillen d’Hären vun der Titelgrupp an vun der Op- an Ofstigsgrupp de Weekend net.

Um Freiden huet sech an der Nationale 2 bei den Hären de BC Mess mat 98:79 zu Mondorf duerchgesat. Am Kampf géint den Ofstig an d’Nationale 3 huet de Moment Wolz schlecht Karten, well d’Ekipp Tabelleleschten ass. Um Samschden muss eng Victoire géint Bascharage hir, dat selwecht gëllt awer och fir de Géigner Bascharage, deen mat enger Victoire zu Wolz kéint op 1 Punkt un Mondorf erukommen. De Moment gesäit et esou aus, wei wann Mondorf an Bascharage um Enn géifen streiden, weien Club an der Nationale 2 bleiwe kann. Et ass bekannt, dass den Ennerscheed tëschent der Nationale 2, wou oft 2-3 Profispiller pro Ekipp Asaz kommen, an der Nationale 3, wou keen Profispiller aktiv ass, extrem grouss an fir all Club e groussen Ënnerscheed bedeit. An der Nationale 3 hunn de Moment Mamer an d’East Side Pirates (déi 2 Ekippen, déi sech an der Finall vun der Coupe FLBB géigeniwwer stoungen) déi beschte Karten fir nächst Saison an der Nationale 2 ze spillen.
–> Tabell_Nationale_2_Hären

An der Nationale 2 vun den Dammen steet Wolz un der Tabellespëtzt, den Tabellenéischten steigt direkt an d’Total League. Hiefenech ass de Moment 2. an der Tabell an géif momentan e Relegatiounsmatch géint den zweetleschten aus der Total League spillen, dëse Match entscheet dann driwwer, wien nächst Saison an der Total League spillt. Nach bleiwen awer eng Rei Matcher ze spillen.
–> Tabell_Nationale_2_Dammen

Par FLBB , le 22/02/2020 à 09:57