Op der Foto gesäit een, wéi sech d’Auswiel vun de Wërf an der NBA am Laf vun de leschten 20 Joer geännert huet, et sinn déi 200 Plazen um Terrain markéiert, vun deenen am meeschten geworf gouf. Ganz opfälleg ass dobäi, dass den “3-Punkte-Worf“ eng ëmmer méi grouss Roll spillt, wärend aus der “mid-range“, also Hallefdistanz, ëmmer manner geworf gëtt.
Fir Lëtzebuerg gëtt et zwar keng esou eng Iwwersiicht mat de Plazen um Terrain, an awer kann een e Bléck op d’Statistiken werfen, déi dësen internationalen Trend bestätegen.
Goufen an der Saison 2009/2010 bei den Hären nëmmen 6,4 “3-Punkte-Wërf“ getraff pro Ekipp, sinn et der an der aktueller Saison 2019/2020 schonn 8,3 , dat obwuel “Dreipunktelinn“ e Stéck no hanne geréckelt gouf. Worfquoten sinn dogéint bal identesch bliwwen an de leschten 10 Joer, zu Lëtzebuerg ginn 31 – 31 % vun den Distanzwërf getraff. Insgesamt ass de Sport méi séier ginn an et fale ei Punkten. Am Verglach vun der Saison 2009/2010 zur aktueller Saison markéieren d’Ekippen an der héchster Divisioun 8 Punkten méi wéi virun 10 Joer, aktuell 83 Punkten pro Ekipp pro Match am Verglach zu 75 Punkten an der Saison 2009/2010.
Bei de Fraen goufen an der Saison 2019/2020 pro Ekipp pro Match 6 Wërf aus der Distanz markéiert, am Verglach dozou war et 2009/2010 een manner, nämlech 5, woubäi bei den Dammen Worfquot aus der Distanz e gutt Stéck erop gaangen ass an de leschte Joren. Insgesamt ginn och bei de Fraen méi Punkten markéiert: 71 Punkten markéiert eng Ekipp pro Match, 2009/2010 waren et 3 Punkten manner: 68 de Match.